Tëschen dem 15. an dem 21. Juni war an der Buerg d’Ausstellung „D’Fiels fréier, haut an an der Zukunft“, déi organiséiert gouf vun der Commission d’intégration an Zesummenaarbecht mat der Schoul, dem Jugendhaus, der Elternvereenegung, den Amis du château, den Amis du vieux Larochette an de Fielser Foto-Frënn.
Eng flott gelongen Initiativ, all Respekt fir jiddereen deen do matgeschafft huet: Sou de Kanner, wéi dem Léierpersonal, déi de Service gemaacht hunn, an all deenen aneren, déi matgeschafft hun, an der Gemeng aus der Fiels, déi dëst erméiglecht huet.
E puer Andréck vum Vernissage, agefaange vum Monique Mathieu.
