Gëschter Owend gouf am Sall vun der aler Gemeng an der Fiels d’Generalversammlung vun de “Fielser Foto-Frënn” ofgehalen. Als jonke Veräin ass een dovunner ausgaangen, datt am Aktivitéitsrapport nëmmen e puer Saachen opgelëscht wiere mais dat wor zu der allgemenger Iwwerraschung net de Fall.
Kuerz no der Generalversammlung d’lescht Joer gouf den 9. Juni 2018 eng Sortie op Saarburg organiséiert. Zum Héichpunkt vum nei gegrënnte Veräin zielt d’Ausstellung op der Buerg. D’Ausstellung op der Buerg gehéiert zu enge vun den Haaptuersache vun der Grënnung vun de “Fielser Foto-Frënn”. Chris Dabé, Jean-Claude Schaeffer, Jean-Marie Weiler, Josip Nerancic, Marc Gengler, Marianne Kollmesch, Norb Kimmel a Serge Kesseler hu hir Wierker vum 4. bis den 31. Juli ausgestallt. De Vernissage goung de 4. Juli iwwert d’Bühn.
Op Ufro vun de “Les Amis du Château de Larochette” hunn den Norb Kimmel zesumme mam Ineke Spitters als Member vun der Asbl vun de Fielser Schlassfrënn Fotoe vun der Fielser Buerg gemeet. Tëschen dem 25. Juli an dem 6. September goufen am Ganzen 152 Fotoe vun de wichtegsten Elementer vun der Fielser gemeet.
D’Joer 2018 gouf mat enger Sortie den 11. Dezember um Stater Chrëschtmaart ofgeschloss an een Neijoerschpatt mat de Memberen an der aler Gemeng Fiels de 15. Januar 2019 huet dat neit Joer agelaut. Kuerz drop, de 24. Januar, huet sech de Veräin un enger Versammlung mat der Fielser Integratiounskommissioun bedeelegt. Hei geet ët ëm ee Projet mat der Schoul, dem Jugendhaus, den Les Amis du Vieux Larochette an Les Amis du Château de Larochette. Am Laf vun den nächste Wochen a Méint goufen nach dräi Versammlungen aberuff.
De Keessebericht mat engem positiven Ofschloss ass ugeholl ginn an op Virschlag vun de Reviseuren och entlaascht. Bleift nach ze vermierken, datt fir d’Organisatioun vun den Aktivitéite sech de Comité véiermol gesinn huet an eng sëllech Mailen a WhatsApp-Noriichten.
No der Demissioun vum President Norbert Kimmel den 9. Abrëll a Monique Mathieu den 20. Dezember 2018 goufen déi verschidde Posten eestëmmeg ugeholl. De Comité setzt sech zanter dem 13. Juni zesummen aus Elisabeth Weber (Presidentin), Josip Nerancic (Vizepresident), Marc Gengler (Sekretär), Ineke Spitters (Trésorières) a Jean-Claude Schaeffer (Member). Keesserevisore si Joëlle Müller a Laurent Wies.
Zum Schluss gouf nach eng Kéier bestätegt, datt dëst Joer keng Ausstellung op der Buerg wäert sinn an, datt am nächste Joer d’Generalversammlung Enn Februar resp. Ufank Mäerz virgesinn ass. 2020 wäert awer rëm eng Ausstellung sinn. Ofgeschloss gouf d’Generalversammlung mat engem Iessen am Restaurant “Op der Millen” zu Miedernach.
